D’’Iddi zu Hueschtert eng Musek ze grënnen, geet op den Summer vum Joër 1908 zréck. Deemols souzen den Mathias Hames (Kleessens Metty) vun Hueschtert an den Nicolas Weydert (Haansches Néckla) vun Ueweranven am Café Pierre Theisen zu Hueschtert bei der Charlys-Gare an hunn driwwer gaschwat dat et flott wär eng Musek zu Hueschtert ze hunn.

Sou koum ët dann den 1. August 1908 zur provisorescher Grennung vun der Hueschterter Musek. Zwéi Méint méi spéit, den 1. Oktober 1908 hunn dunn 25 jonk Männer sech am Café zu Hueschtert getraff fir d’’Musek definitif ze grënnen.

(eng Foto aus dem Joër 1958)

En Deel vun den Grennungsmemberen:
1. Reih : Kirchen Henri, Wies Jean, Weydert Nic., Rodenbourg J.P., Faber Pierre
2. Reih : Konrady Louis, Geissler Bernard, Deutsch Mathias, Kirchen Jean

D’’Musek huet sech deemools « Fanfare réunie de Hostert» genannt an den éischten Artikel vun den Statuten huet den Zweck vum Veräin mat dëse Wieder ënnerschriwwen : « Zweck der Musikgesellschaft von Hostert ist die Förderung der musikalischen Kunst durch Musikfeste, Konzerte, Preisbewertungen und Versammlungen, welche dazu beitragen sollen, die freundschaftlichen und geselligen Beziehungen der Mitglieder untereiander zu erhalten und zu vermehren. Die Gesellschaft pflegt hauptsächlich Musik, nebenbei Gesang und Theater. » Dës Statute goufen den 12 Februar 1909 vun der Gemeng guttgeheescht.

Am décke « Geschäfts- und Kassabuch » vun der Hueschterter Musek fanne mir als alleréischte Vermierk : « Wir haben gekauft 24 Instrumente für die Summe von achtzehnhundertfünfundfünfzig Franken. » An schon am Joër 1909 krut d’ « Fanfare réunie » schon den éischte Fändel.

Den éischte Marsch deen d’’Musikanten spille konnte war de « Fräsche-Marsch ».

Am Ufank haten d’’Memberen zivill Kleeder an gréng Kapen un. Réicht 1913 krut d’’Fanfare hir éischt Uniform, d.h. bei déi greng Kape koumen elo wäiss Boxen derbäi.

D’Musikanten vun der Hueschterer Musek haten 1913 weiss Boxen.

De 15. an de 16. Juli 1933 huet d’Musek hiere 25. Anniversaire geféiert. Um Virowend war e Fakelzuch an e Concert, an t’’goufen och « Böllerschëss » lassgelooss. Sonndes mëttes war dunn e grousse Festzuch, un dem d’’Veräiner aus der Gemeng an d’’Museke vun Eech, Sandweiler, Eiter, Jonglënster, Buurglënster, Consdorf a vu Käerch deelgeholl hunn. Deemols hat d’’Musek scho ronn 50 Mêmberen.

En Héichtpunkt am Liewe vun der Hueschterter Musek waren d’’Feierlechkete vum 50. Anniversaire. Vum 3. bis den 6. Juli 1958 as e Festprogramm mat Concertën, Fakelzuch, Fredefeier a mat engem grousse Cortège durch d’Uertschaften Hueschtert, Rammeldang an Ueweraanwen ofgelaf.

Och den 60. Anniversaire ass geféiert ginn an den neie Fändel, den drëtten deen d’’Musek krut, ass ageweit ginn.

Mat deem neie Fändel war awer nët alles gedoen. Schon 1967 hate mir um UGDA-Concours deelgeholl a probéiert vun där dretter an domatt leschter Divisioun an déi zweet eropzekommen. Dat ass eis deemols awer nët gegléckt. An och 1974 zu Ettelbréck goung ët nët duer. Et koum derbäi datt d’’Hueschterter Musék an dene Joëre eng déif Krisis durchgemach huet, wat d’’Zuel vun de Memberen ugaang ass. Wann Enn der 60er Joëren nach ronn 50 Musikanten hannert dem Pult souzen, dann huet d’’Musek 1975 nach just 28 Leit gezielt.

Am Abrëll 1975 krut d’’Musek awer dunn an der Persoun vum jonke Militärmuseker Claude Hoffmann en neien Dirigent. Well dësen och nach déi vun der Gemeng organiséiert Solfège-Course geleet huet, goung ët vun dësem Ament un nees biergop. Fir den 70. Anniversaire hat d’’Musek dunn rem 40 Musikanten hannert dem Pult setzen.

Um UGDA-Concours zu Bieles am Joër 1980 huet d’’Musek nët nëmme gudd ofgeschnidden (Premier Prix avec distinction), mä ass och nach an d’’zweet Divisioun gestiegen.

Fir den 75. Anniversaire, deen vum 7. bis den 12. Mee 1983 geféiert gouf, hat d’Musek hir 50 Musikanten.

D’Musikanten am Joër 1983

1.R. Bredimus Roger, Friederich Fony, Spranck Eugène, Wagner Emile (de Mulles), Bintener Jängi, Hoffmann Claude, Gilbertz Carlo (den Dokter), Mahr Roby, Pleimling René, Hames Albert

2.R. Sartorius Jang, Bache Claude, Künsch Claudine, Klees Fernand, Biwer Danielle, Schiltzt Marcel, Veermersch, Mallinger-Wagner Jeannine, Janssen Nancy, Sauber Maryse, Lallemang-Wagner Nathalie, Mozé Monique, Schiltz Georges, Ludwig-Weirig Christiane, Bun Peter, Weyrig Romain, Hostert Carine, Jacoby Charles, Sartorius Sonja, Canico Joaquim, Bun Martine

3. R. Schmit Henri, Stammet Jean, Bertrand Jean-Pierre, Hames Jos, Stammet Albert (de Monn), Sauber Glibert, Raach Guy, Schmit Alfred, Bredimus André, Birnbaum Ernest (Ern)

Et feelen Musikanten op der Foto. 

Den 28. Mee 1987 huet d’Musek um UGDA-Concours zu Ettelbréck deelgeholl an gudd ofgeschnidden. Mat 167 vun 180 Punkten bei der « lecture à vue », 162 vun 180 Punkten beim « Morceau imposé » an 161 vun 180 Punkten beim « Morceau au choix » koum d’Hueschterter Musek op en Total vun 490 vu 540 méigleche Punkten.

Mir sinn also vun der zweeter an déi éischt Divisioun geklommen.

Am Mee 1994 hunn mir um Concours zu Wasserbillig deel geholl.

Am September 2001 huet d’Fanfare hirem laangjähregen Dirigent Claude Hoffmann Äddi gesoot a mam Jean-François Lorgé wieder gemaach.

2008 soll d’Hueschterter Musek hiren 100. Anniversaire feieren. Well si dee Gebuertsdaag awer net onklasséiert wollte feieren, sinn si 2005 op de Concours op Monnerech gefuer. Owes konnte si du mam Degré C a matt 2 Mol engem Premier Prix Avec Grande Distinction nees Heem kommen. Bis speit n d’Nuecht hunn si daat zu Hueschtert gefeiert.

Fir den 100. Anniversaire gouf iwwert e ganzt Joer matt enger abezuel Feierlechkeeten de Centenaire gefeiert. Fir daat ganzt ofzeronnen gouf eng Brochür publizéiert.

2011 sollt de fréieren Dirigent Claude Hoffmann erem d’Rudder iwwerhuelen a feiert säitdem d’Hueschterter Musek an eng aussiichtsräich Zukunft.

 

Hei nach e puer Anekdoten vum Jeanne:

ISCHGL:  DE BUS OUNI SPRITT

Dat ass och eng ganz léif Geschicht!

Fir fortzefueren hate mer schon e Bus kritt,de net virgesin war.De Buschauffer, war jhust eréischt vun enger Rees erëm an huet missten fir eisen kranken Chauffer asprangen.Majo,schon e ganz gudden Ufank!!

D’Rees war ganz flott,bis zum Zeitpunkt wou de Buschauffer sollt tanke goen.

Mat denen Extrawirscht déi mir haten, fir lier an lour gefuert ze ginn,war ett net méi deck mat eisem Spritt..Mir wollten nach unbedengt op e Bierg. Aus dem Grond hate mir dem Chauffer virgeschloen,hien sollt nach tanken goen.Mee mat tanken war nèischt! Hien huet missten unbedengt eng Tankstell fannen wou hien kënnt mat Tickeen tanken. Abé gudd!

 

Mir hun em dun virgeschloen em Suen firzestrecken.Dat wollt den Här och nett,an iwerhaapt vir dee klenge Bierg geng dat nach deck duer goen! Et war jo och duer gangen (fir de Bierg erop an erof).

A wéi ass et gangen? Beemol huet et hannen aus dem Bus schwarz gedämpt an de Moter huet gebockt an naischt méi ass gaang!

Dat Dengen  wollt partout net méi usprangen! A waat machen mier elo?

No vill Gedeesems huet de Jos sech en Härz geholl an huet een Auto ugehaal, deen hien mat op eng Tankstell geholl huet. De Josy koum zrèck matt zwou Kaanen Mazout.Opgetankt matt e beschen Spritt,si mier mam Moschtert an der Nues dun endlech tanken gaang!

De leschten Daag wéi mer sollten heem fueren, koum den decken Hond.

Op e mol huet de Bus gestuckelt alt erem huet et hannen schwarz gedämpt a schons stonge mier do! A wou???? Matzen an engem Tunnel!!!! Daat war richteg flott!!

 

Mier alleguer aus dem Bus! Eng Dier gesischt fir aus dem Rouer do eraus.Den Ausgang haate mer fond, a wéi geet elo virun?

Dobaussen hu mier eis op eng Wiss gesat an hu gewaard a gewaard!

Mir haaten all d’Flemm waaren hongreg a granzeg. De Monn haat bal eng Kriis kritt.Fir nett aus der Kescht ze sprangen huet hien tonneweis Stèng an’t Pampa gejummt.De Monn war rosen ewéi eng S…………!

Mir haten fir Mëttes  natiirlech een Iessen bestallt awer de Bus war nach emmer nett do.

 

Et ass dorëmer telefonéiert ginn ewéi geckeg. De Restaurant ass vertréischt ginn,mir hätten eng Pann a wéissten nett um wéivill Auer mier gengen ukommen.Also ech wees nett méi genau wéi laang et gedauert huet bis um rulle waren,mee am Restaurant waren se nett ganz frou matt eis well mer esou spéit dru waren.All Mënsch war genervt ,geckeg,granzeg,hongreg an duschtereg.Mir waren all esou rosen dass de Chauffer nett emol een Drenkgeld vun eis krut. 

 

ZU WASSERBELLEG UM CONCOURS

 

Eng kleng Anekdot zu eisem Concours zu Wasserbëlleg.

Mir waren alleguer esou frou dass mer dat ganzt hanerun eis haaten. Esou séier wéi méiglech wollten mer op de Kascht lasstiermen.Déi eng sinn mam Auto, se hun och nach e puer Musikanten matgehol, an déi aner sinn mam Bus gefuer. Esou huet et sech ergin dass mer zu véier an engem Auto gefuer , ann op Bour op de Kascht lassgaange sinn.

Nom Iessen koume mir véier op Wasserbëlleg op d’Parkplatz zereck, mir hunn nët schlecht gestaunt. Do stoung éise Trommeklepper wëll ewéi eng S…….. pann. Oh freck, hate mir de Carlo vergiess???

 

Mir hunn eis gekuckt, a wossten net,sollte mer laachen oder net. Mee dem Carlo war et net fir ze laachen. Jiddfereen den denn Dokter kennt ka sech jo fierstellen waat do koum! Wéi déi ganz Saach da geklärt war, huet sech  eraus gestallt, dass mier hien tatsächlech vergiess haaten matt op dŽIessen ze huelen.

 

Zitat vum Carlo: Waat muss ech ee ruegen Kerelche sinn dass et net opgefall ass, dass ech net der derbäi war. Eng laang Zäit daat Gespréich an der Musek! Haut kann de Carlo och e bessi driwer laachen, wann gesot get. So wees de nach. demols um Concours wéi mer den Dokter vergiess haaten!

 

 

CHAMONIX

 

 

Déi Rees war ganz schéin, mier haaten eis gudd ameséiert. Et war een schéinen Hotel,mee leider konnten mier nët do iessen ,well nach nët alles fäerdeg war. Do si mer an een aaneren Hotel geschéckt ginn.

                                                    

Daat war een Erliewnes. De Wee bis dohinn war een Trëppelpad. Mir hunn missen iwwert eng Baach op déi aaner Säit fir bei den Hotel ze kommen. Iwwert der Baach leuch just een dënnt Briet an och nët ganz breet. Am Dag ass et jo nach irgendwéi gaangen do driwwer ze kommen ouni d’Féiss naas ze kréien, d’Iwerraschung koum owes wéi mer vum Iessen komm sinn! Néirewo war eng Luucht, an et haat och keen eng Täscheluucht bei sech. Mir hunn eis de Wee ertaascht, d’Baach war och séier fonnt, well narwell een d’Féiss fatzeg naass krut. Duerfir hu mer am léiwsten um Zëmmer gefeiert, fir nët an d’ Baach ze falen!

 

Mir haaten eis Jongen gudd ugeschass! Sie wollten esou dichteg bei eis um Zëmmer feieren, fir hiere Frigo ze schounen, a Suen ze spueren.

Et haat nët ganz laang gedauert, du war eisen Frigo mam Gedrenks gepleimt, mee waat sie nët wossten war, dass mir hiere Frigo eidel gemach,an et bei eis gestalt haaten, esou hunn sie hiert eegend Gedrenks platt gemaach. Wéi mir sollte fortfueren, koum d’Iwerraschung, ewéi de Jos an de Charel d’Rechnung ënnert d’Nues gehale kruuten, fir ze bezuelen waat sie aus hierem Frigo gedronk haaten. Déi hu vielleicht dra gekuckt. Hiert lescht Geräbbels hunn sie missten zesumme schären, fir alles ze bezuelen. Domm gangen!

 

Et waren och nach anerer, déi ganz laang Gesiichter gemach hunn. Un den Dieren haate mir een Ziedel hänken,wou ee moies beim Kaffi nach extra Saachen konnt bestellen. De Coiffer huet sech gewonnert dass hien moies ëmmer esou gudd ziesse kruut, an daat gudd Spiegelee!Extra!!                                                                                                                            

 

Waat hien awer nët wosst, de René haat him all moies säin Ziedel ausgefëllt. Waat war daat ee Gedeesems ewéi hien huet misste bezuelen. Also daat war awer och!

 

MAT DER MUSEK OP PALMA

 

Wéi mer schons hei um Findel waren, krute mer gesot eisen Fliiger geng matt Verspéidung fortfléien, well se zu Palma um Flughafen gengen streiken.

Wéi mer dunn dohannen ukomm sinn, ass et zwar fex durch Kontroll  gaang. Mee de Witz war wéi mer am Hotel ukomm sinn! An der Receptioun krute mer mattgedeelt,si hätte net genuch Zëmmeren, well déi Leit déi sollte Moies fortfléien nach am Hotel gengen festsëtzen. No kurzem Palawer haate mer eis esou arrangèiert dass mer eben zu e puer méi an engem Zëmmer géifen schlofen. Kee Problem, du waren et eben 5 Leit anstatt 3. Et ass jo och gang.

 

Vun der Direktioun krute mer och nach matgedeelt dass mer nët dierften zu 5 op de Balkon goën, ëmmer een nom anerern, well daat gudd Steck baufälleg wier! Nu je,och gudd!

 

A mir sollten eis behuelen,wëll sie hätten réischt eng Grupp aus Lëtzebuerg gehaat, an esouguer aus dem selwechten Duerf, déi sech de Batty gestallt hätten, soss géife mer aus dem Hotel rausfléien!. Abéjo,wien war daat dann?????

 

D’Vakanz ass vun do un ziemlech gudd verlaaf. De Chaos ass eréischt nees ugaang, wéi mer sollten heemfléien! Alles sutz Moies am Bus fir op de Flughafen. Et ass durchgezielt ginn. Zwee Leit hu gefeelt.

 

Den Albert hat de Moschtert schon an der Nues stoën, wéi hien gemierkt huet, wién do géif feelen. Irgendeen ass déi zwee sichen gaangen. Ech mengen esou séier waren déi nach nët aus dem Bett,an hun eng Valis gepaackt.

 

Net gewäsch, nët gekämmt, d’Kleeder nach hallef aus der Valis hänken, koume se op de Bus gehächelt. Mir haten eis verschlof!

(schéin)                                                                                                

 

Et war jo nach genuch Zäit, wann een de richtege Flughafen direkt fënnt. Wéi mer um richtege Wee waren ass et awer schetzeg gaang.

 

Mir sinn an e puer Gruppen mat Bussen bei denn Fliiger gefouert ginn. Ech war bei der éischter Grupp. Schons baal am Flieger, gouef ech zréck gepaff, ech misst bei d’Edméee. Hatt ass net durch Kontroll komm,well ech säin Ticket an der Täsch haat!!! Alt erëm an de Bus op Aérogare zréck. Deen Drama!                          

 

D’Edmée haat d’Aaen bausen dem Kapp stoen,vun Opregung, an huet geziddert! Hatt haat gemengt, sie géifen et do behaalen, an hatt kéint nie méi heemkommen. Waat sin ech vernannt ginn! Ech hunn dem Edmée den Ticket an de Grapp gedreckt, mir duerch Kontroll, an de Bus an schnell bei den Fliiger! Jesses, op de leschte Stëppel! Opregung pur.

 

Et huet mech just gewonnert dass de Fliiger ganz hei um Findel ukomm ass, esou wéi den Dag ugefaang hat!